Carmen
- Fitness Trainer Level C
- Food Coach
- CrossFit Kids Coach
Schonn als Kand war ech sportlech aktiv a verschiddene Sportaarte wéi Basket, Tennis a Dëschtennis am Kader vun der LASEL wärend der Lycéeszäit.
Spéider hunn ech meng Passioun fir de Sport duerch verschidde Formatioune an Ausbildungen weiderentwéckelt. Eng gesond Ernierung a reegelméisseg sportlech Aktivitéit beräichere meng mental a kierperlech Gesondheet säit dem Jugendalter.
Beim CrossFit sinn ech hänke bliwwen, well jidderee matmaache kann, egal wéi seng Viraussetzungen sinn.
Trotz enger ugebuerener Aschränkung un menger lénker Hand, kann ech als “CrossFit Adaptive Athlete” um gemeinschaftlëchen Training deelhuelen. Mat CrossFit WildFox ass et mäin Zil, aner Mënschen duerch CrossFit ze stäerken, zu engem besseren Wuelbefannen ze hëllefen an hinnen ze weisen, zu wat si fäeg sinn – dat Ganzt an a mat enger häerzlecher Community.