Carole
- Hyrox Level 0
Als motivéiert a leidenschaftlech Sportlerin hunn ech zënter 2018 de CrossFit an 2024 den Hyrox fir mech entdeckt. Den Training, d’Communautéit an och Competitiounen begeeschtere mech an hëllefen mer niewent menger Aarbecht gesond a fit ze bleiwen, souwéi och e gudden Ausgläich ze hunn.
Duerch meng Erfarung sinn ech do fir Iech ze motivéieren an zesummen Erausfuerderungen ze meeschteren.