
Lynn
Ech sinn d’Lynn.
2018 sinn ech eng 1. Kéier op de CrossFit opmierksam ginn a war direkt begeeschtert. Als fréier Konschtturnerin, sinn et virun allem d’Gymnastic-Skills déi mir am CrossFit gefalen. Mee och d‘Trainéiere mat der Barbell a meng eege Limiten ëmmer rëm nei kennen ze léieren, sinn Grënn wisou ech dëss Sportaart sou gär maan. Nieft dem sportlichen Aspekt, ass de CrossFit fir mech awer virun allem och eng Platz wou een nei Leit kenne léiert, Frëndschafte schléisst an sech géigenseitig ënnerstëtzt. Als Sozialaarbichterin am Kanner-, a Familljenberäich, leen ech vill Wäert op Respekt, Zesummenhalt an Accessibilitéit zum Sport a versiche genee dëst mat an de CrossFit WildFox ze huelen.
Am Comité hunn ech d’Aufgab vum Secrétaire iwwerholl a freeë mech, een aktiven Deel vun dësem neien a spannende Projet ze sinn.“